Wou d'Uelzecht duerch d'Wisen zeit,
Durch d'Fielzen d'Sauer brėcht,
Wo' d'Rief länscht d'Musel dofteg bleit,
Den Himmel Wein ons mėcht:
Dat ass onst Land, fir dat mer geif
Heinidden alles won,
Ons Hemėschtsland dat mir sou dźif
An onsen Hierzer dron.
An sengem donkle Bėscherkranz,
Vum Fridde stėll bewaacht,
Sou unne Pronk an deire Glanz
Gemittlech leif et laacht;
Sei Vollek fro sech soe kann,
An 't si keng eidel Dran:
Wei wunnt et sech sou hemlech dran,
Wei ass' t sou gutt dohem!
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Ierd, dei ons gedron;
D'Leift huet en treie Widderhall
A jidder Broscht gedon;
Fir, d'Hemecht ass keng Weis ze schein;
All Würt, dat vun er klėnkt,
Greift ons an d' Seil wei Himmelstein
An dan wei Feier blėnkt.
O Du do uewen, dem seng Hand
Durch d'Welt Natioine let,
Behitt du d'
![]()
Land
Vum frieme Joch a Led;
Du hues ons all als Kanner schon
De freie Gescht jo ginn,
Loss viru blėnken d'Freihetsonn,
Dei mir sou laang gesinn.